arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een Doud, iwwer dee laang spekuléiert gouf
De Pianosconcerto, seng Balletsmuseken a Symphonien: De P.I. Tschaikowsky huet bal ee Klassikhit nom anere geliwwert. "Darin besteht ihre sieghafte Kraft, dass sie eine Schönheit offenbart, die uns in keiner anderen Sphäre zugänglich ist und uns mit dem Leben versöhnt", schreift den Tschaikowsky iwwer d'Musek. Mam Liewe selwer ass de Komponist net ëmmer eens ginn. Et bleift fir eis haut deels nach e Rätsel. Dat war och laang säin Doud, haut virun 125 Joer.