Konferenzen
Dem Buddha seng Ae gesinn alles
Eng Rees an dräi Etappen duerch den Nepal, fort vun den offiziellen Trekkingrouten an den touristeschen Héichbuergen. 1. Etapp: d'Haaptstad Kathmandu an den zivilisatiounsgeschiedegten Dall vun den dräi Kinneksstied. 2. Etapp: en entleeënt Biergduerf um Fouss vum Annapurna-Massiv, wou et keng Strooss, kee Stroum kee fléissend Waasser a keng sanitär oder medezinnesch Arrichtunge gëtt. 3. Etapp: op engem Elefant duerch d'subtropesch Terai-Regioun, wou versicht gëtt, Iwwerbevölkerung, Ëmweltschutz an Tourismus mateneen an Aklang ze bréngen.
Eng Reportage aus dem Joer 1999 - mat Originaltéin an traditioneller Himalaya-Musek - vum Georges Hausemer.