Aktuelles
Synod zu Roum - Constat Jean-Claude Hollerich
D'Kierch wëllt sech erneieren an déi jonk Generatioun nees méi fir de Glawe begeeschteren. Dat gouf op der 15. Bëschofssynod, déi vum Poopst aberuff gouf an déi dëse Sonndeg zu Roum op en Enn gaangen ass, vun de ronn 270 Bëscheef sur Place festgehalen. Am Kader vun enger verbesserter Jugend-Strategie an enger méi oppener Diskussiounskultur goufen op der dräi-wöcheger Synod och d'Roll vun der Fra an der Kierch, d'Homosexualitéit an de Mëssbrauch thematiséiert. Net all Bëschof wëllt déi envisagéiert Erneierungen an der Kierch matdroen. De Maurice Antony huet sech mam Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, deen och zu Roum dobäi war, ënnerhal.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)