Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - Bite Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Lik - Carnage (8,5/10)

Ale Schwed seet sech net op Lëtzebuergesch, dofir sinn ech sou fräi a benotzen den däitschen Ausdrock "Alter Schwede" als ganz knappe Resumé iwwert den neien Album vu Lik. Lik - dat sinn 3 u sech schwedesch Museker, déi bei bekannte Bands spillen oder gespillt hunn, sief et als festen oder als live Member, an déi viru 4 Joer eng nei Band gegrënnt hunn, fir dem fréien 90er schwedeschen Death Metal à la Entombed, Dismember etc ze huldegen. An dobäi kléngen de Christofer Barkensjö, den Niklas Sandin an den Tomas Akvik scho méi no Dismember, wéi Dismember selwer, an dat vum Opener To Kill aus un:

Den Opener vun hirem zweeten Album ass grad esou eng déif Verbeugung virum Dismember Album Override Of The Overture, wéi et wuel och keen Zoufall ass, dass den Albumtitel Carnage no der kuerzlieweger schwedescher Death Metal Band vum Michael Ammott benannt ass, déi Enn den 80er zwou Demoen, eng Split, een Album an eng Live EP erausbruecht hunn.



A sou bréngen d'Schweden, déi ënnert anerem bei Grave, Bloodbath oder Katatonia spillen oder gespillt hunn, de schwedeschen Death aus de fréien 90er méi glafwierdeg eriwwer, wéi sou munch aner Band, déi probéiert et hiren Helden aus den 90er nozemaachen.

Den neien Album vu Lik bleift dobäi sengem Virgänger Mass Funeral Evocation trei, wann en och bësse manner melodesch ausfält a mat senger bësse méi zackeger Aart a Weis duerch an duerch old school ass.

Carnage vu Lik ass deemno een Album, deen een ouni ze zécken a seng Death Metal Sammlung kann dobäi stellen.

Playlist

Accept - Son Of A Bitch

Candlemass - House Of Doom

At The Gates - Daggers of Black Haze

The Black Dahlia Murder - Kings Of The Night World

Burn The Priest - Kerosene

Devildriver - Country Heroes

Lik - Celebration Of The Twisted

Aborted - Fallacious Crescendo

Mastodon - Clandestiny

Kraton - Tyrant

Decipher - Liquid Pain

The Ocean - Firmament

Episoden