Radioen

On air

Notturno  |  Hand Habits - Private Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Fusion Bomb

Release vun der Woch: Fusion Bomb - You're A Cancer To This World (8/10)

Wéi ugekënnegt huet déi jonk Lëtzebuerger Thrash Metal Band Fusion Bomb haut hir nei 3 Track Single You're a Cancer To This World erausbruecht. Déi dräi Stécker bestinn aus dem Titeltrack, engem 2. neie Lidd Burlesque Shootout an enger Cover Verisoun vun der Punk Band D.R.I. hirem Song You Say I'm Scum.

A wat kann ee soen... de Lëtzebuerger Thrash Quartett huet op den neie Stécker esou vill Energie, wéi nach ni virdrun. Direkt vun Ufank un gëtt ee vum Riff-Freedefeier op der neier Single wechgeblosen.

D'Riffer sinn aggressiv, rappen ee mat, a kléngen immens erfrëschend, et gëtt sech net vill Froe gestallt an et gëtt einfach gerockt. Et ass e Paradebeispill fir zollitten Thrash ouni vill Geschnörkels.

Dobäi ass et och een immens kuerzweilegen Track, vu dass esouwuel déi zwee Gittariste Miguel a Luc an och den Drummer Scott genuch Ofwiesslung mat an d'Spill bréngen an och genuch grooveg Headbang- Momenter mat agebaut hunn.



E grousse Luef och un de Sänger Miguel, deen op der neier Single wesentlech besser séngt wéi nach op der EP, bei där ee bal kee Wuert verstan hat. Dat ass elo definitiv net méi de Fall!

Den zweeten Track ass ee midtempo headbanger, deen an där selwechter Manéier matzerappe weess, wéi den Titeltrack, allerdéngs mat wesentlech méi Melodie an nees engem wonnerbare Solo

Hei ass iwwregens och nees de Bassist Michel um Mikro, wat der Band awer och ganz gutt zu Gesiicht steet.

Den drëtten Track ass, wéi gesot, eng Cover Versioun vun der Punk Band D.R.I. hirem Stéck You Say I'm Scum. Definitiv eng gelonge Single, déi Bock op méi mécht.. Méi vu Fusion Bomb wäert et - wann alles gutt geet - och nach dëst Joer ginn. D'Band ass grad fläisseg mat den Aarbechte un hirem Album amgaang. E konkrete Release Datum gëtt et awer nach net.

Playlist

Korn - Here To stay

Kataklysm - Narcissist

Fusion Bomb - You're A Cancer To This World

Orange Goblin - Sons Of Salem

Thorium - Penance

Morbid Angel - Garden of Disdain

Napalm Death - Standardization

Bullet For My Valentine - Piece Of Me

Carnage Calligraphy - Darkness

Decipher - L'Or Bleu

Episoden