arrow_back_ios
Kultur
Den "D Kollektiv" en alerte
Am Kader vun der Biennale fir Industriekultur haten 2016 eng handvoll Kënschtler den "D Kollektiv" gegrënnt an hiren "Atelier D" an enger Industriehal um Site vum fréiere Walzwierk zu Diddeléng ageweit, also en Espace fir kreativ mam Lieu a mat senger Geschicht ëmzegoen. Mëttlerweil ass den "Atelier D" an eng 2. Hal geplënnert ginn, mee dat alles soll ofgerappt ginn. Dowéinst huet den "D Kollektiv" d'Aktioun "Alerte face à l'événement" lancéiert. A wat geschitt dann? Dat wollt d'Kerstin Thalau och gär wëssen.