Panorama
Panorama
De Regierungsrot huet haut gréng Luucht ginn fir déi sougenannten "douzième provisoires", déi dem Staat sollen erlaben weider ze fonctionnéieren bis de Budget 2019 steet
Fir de Fall vun engem "no deal" beim Brexit kritt de Lëtzebuerger Ausseministère e Joer laang zousätzlecht Personal zur Verfügung gestalt
De Xavier Bettel reagéiert op d'Kritike vun der EBU: hie wéilt sech no de Koalitiounsverhandlunge mam Personal vum Radio 100,7 a mat der zoustänneger Chamberkommissioun zesumme setzen
Den aktuellen Direkter vum radio 100,7, de Jean-Paul Hoffmann, ass vum 15. Dezember u Chef vun der Kommunikatioun bei der Uni Lëtzebuerg
D'Cécile Hemmen trëtt zréck als Buergermeeschtesch vu Weiler la Tour, wien hir Successioun iwwerhëlt ass nach onkloer
De Christian Oberlé ass haut vum Sozialminister Romain Schneider als neie President vun der Gesondheetskeess vereedegt ginn
Den OGBL sicht urgent eng Entrevue mam wallounesche Premierminister Willy Borsus, fir op déi sozialrechtlech Problemer bei enger Augmentatioun vum Télé-travail fir belsch Frontalieren hinzeweisen
D'Virbereedungsaarbechten an der Avenue de la Liberté an Avenue Emile Reuter fir déi nächst Etapp vum Tram fänken d'nächst Woch e Méindeg un
Lëtzebuerg kéint net unilateral decidéieren keng Demandeurs d'asyle méi zréck an Italien ze schécken - esou d'Reaktioun vum Ausseminister op Kritik vun der asbl Passarell
Den Owend soll d'Ratingsagentur Standard and Poors eng Evaluatioun vun den italienesche Staatsfinanzen publizéieren
An der Tierkei ass en däitsche Mann zu 6 Joer Prisong veruerteelt ginn. Him gouf virgehäit, Member vun enger terroristescher Organisatioun ze sinn
A Florida ass eng Persoun an Zesummenhang mat de suspekte Päck festgeholl ginn
Am Gazasträif sinn haut op en Neits Mënsche bei Demonstratioune vun israeleschen Zaldoten erschoss ginn
Futtball: 9. Spilldag an der Bundesliga, 11. an der Ligue 1