Panorama
Panorama
14 min
D'EBU mécht sech Suerge wéinst der Onofhängegkeet an der Gouvernance vum radio 100,7, d'European Broadcasting Union huet dem amtéierende Premier Xavier Bettel en deementspriechende Bréif geschéckt
Am Virfeld vun de Koalitiounsverhandlungen hunn d'Vertrieder vun DP, LSAP an déi gréng haut d'Sozialpartner gesinn - et wier awer näischt Neies presentéiert ginn, esou de Formateur Xavier Bettel
D'LSAP muss sech erëm op sozialistesch Wäerter zeréckbesënnen, déi weider entwéckelen an un déi aktuell Situatioun upassen, dat seet ee Grupp vu Leit déi zum lénke Fligel vun der LSAP gehéieren
De Stadkär vun Esch soll opgewäert ginn, haut goufe Resultater aus Biergerbedeelegungsinitiative presentéiert
E jonke Mann, dee gëschter tëschent Groussbus an Hierheck e schwéieren Autosaccident hat, ass hënt u senge Blessure gestuerwen
Eng Warnung vum Gesondheetsministère: am Produit "Duyvis Crac a Nut Paprika 200 grammes" ass den Allergene Mëllech dran, obwuel dat net iwwerall op der Verpackung steet
D'Police da warnt virun Erpressungse-mailen
D'amerikanesch Aktiëmäert si gëschter staark gefall - dat wier awer kee Grond zur Panik, seet eng Expertin am 100,7 Interview
De Leetzens am Euroraum bléift weider bei Null Prozent
De Conseil d'Etat a Frankräich huet en Dekret fir d'Zoumaache vun der Atomzentral Fessenheim vun der franséischer Regierung annuléiert
De Mord um Regimm-kritesche Journalist Kashoggi am saudesche Konsulat zu Istanbul an der Tierkei war premeditéiert, dat soen elo och déi saudesch Autoritéiten
Nom Barack Obama, Bill an Hillary Clinton a CNN sinn haut och suspekt Päck beim Filmstar Robert de Niro a beim fréieren demokrateschem Vize-President Joe Biden fonnt ginn
Den Owend ass et deen drëtte Match fir den F91 Diddeleng an der Europa League: de Match géint Olympiakos Piräus gëtt um fënnef fir siwen am Stade Josy Barthel ugepaff