arrow_back_ios
Kultur
Eng Visite am Musée vum Dokter verschriwwen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Op hirem 90. Joerskongress uganks Oktober huet d'Associatioun "Médecins francophones du Canada" kuerz MdFC, e Pilot Projet zesumme mam Musée des Beaux Arts vu Montréal lancéiert. Et geet dorëms d'Wuelbefannen vum Mënsch duerch nei Weeër an de Soinsen ze stärken. D'Memberen vun der MdFC hu elo d'Méiglechkeet hire Patienten d'Muséesvisitte via eng Ordonnance ze verschreiwen. Eng Initiative duerch déi vill Patienten vun de Virdeeler déi Konscht op d'Gesondheet kéint hunn, profitéiere kënnen.