Panorama
Panorama
12 min
All Dag kritt d'Association d'assurance d'Accident 100 Aarbechtsaccidenter gemellt. Dat geet aus dem Rapport vu leschtem Joer vun der Associatioun ervir.
Den SEW erënnert dorun, datt den Edukatiounsminister Claude Meisch ronn een Drëttel perséinlech Stëmme bei de Wahle am Verglach mat 2013 verluer huet. D'Parteie sollen dat beim Koalitiounsaccord am Hannerkapp behalen.
Den Asien-Europa-Sommet zu Bréissel wier keen Anti-Trump-Sommet, sot de Premier Xavier Bettel. Et wéilt een awer een Zeeche fir de Multilateralismus setzen.
D'Bëllegfluchgesellschaft Ryanair huet eng Parti Ofkommes mat europäesche Pilote-Gewerkschaften iwwert d'Aarbechtsconditioune ugekënnegt.
WTA Tournoi op der Kockelscheier: An der Halleffinall spilt d'Julia Görges géint Eugenie Bouchard. An d'Belinda Bencic géint Dayana Yastremska