arrow_back_ios
Kultur
Kanner- a Jugendprgrammatioun am Escher Theater
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Den Escher Theater proposéiert fir déi nei Saison 2018/2019 eng speziell Kanner- a Jugendprogrammatioun, déi dëse Sonndeg mam Spektakel "Le Grand Rond" vun der Kompanie La Berlue vu Bréissel lancéiert gëtt, e Spektakel fir Kanner tëscht 3 a 7 Joer. Et ass e wichtege Schratt fir déi nei Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang fir den Theater ganz besonnesch fir Kanner a Jugendlecher opzemaachen, an esou och d'Familljen an d'Schoulen ze erreechen.