Aktuelles
Télétravail a Grenzgänger
5 min
D'Frontaliere kéinte méi dacks vun doheem aus schaffe wann déi europäesch Reglementer an déi bilateral Accorde mat den dräi Nopeschlänner kéinten harmoniséiert ginn. Wéi vill Deeg ee Frontalier iwwert den Télétravail dierf schaffen, ouni mussen am Residenzland besteiert ze ginn, gëtt a bilateralen Accorde festgehalen. Fir Däitschland gëllen 19 Deeg, fir Frankräich sinn et der 29 a fir d'Belsch ginn et aktuell Diskussiounen iwwert ee Maximum vun 69 Deeg. Dat wier allerdéngs méi ewéi 25 Prozent vun de gesamte Schaffdeeg. Engem europäesche Reglement no, missten d'Frontalieren dann hir sozial Versécherung an hirem Residenzland bezuelen. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB warnen do virdrun.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)