arrow_back_ios
Key to Classics
Amerika a seng Orchesteren
1842 grënnt den Dirigent Ureli Corelli Hill den New York Philharmonic Orchestra. Zu Boston huet de Geschäftsmann Henry Lee Higginson 1881 an engem Zeitungsartikel säi Projet vun engem Symphonieorchester presentéiert. Den 22. Oktober vun deem Joer war deen éischte Concert vum Boston Symphony Orchestra. Lues a lues entstinn an der Mëtt vum 19. Joerhonnert an deene groussen amerikanesche Stied Symphonieorchester a Concertssäll, déi haut zu deenen dichtegsten an der Musekszeen zielen.