arrow_back_ios
Kultur
E Weltstar mat engem tragesche Liewen
D'Edith Piaf ass ouni Zweiwel eng vun de ganz grousse Kënschtlerinne vum franséische Chanson. Op där enger Säit e Weltstar, op där anerer Säit en tragescht Liewen, mat um Enn dem fréien Doud 1963 am Alter vun nëmmen 48 Joer. Den Théâtre Grand Ducal invitéiert vun e Freideg un an d'Al Schmelz op Stengefort op de Spektakel "Edith Piaf: Hommage à la Môme" an enger Mise en scène vum Jean Noesen. De Jean Claude Majerus war an enger Prouf derbäi.