arrow_back_ios
Kultur
Disko Dementia
Eng Episod aus engem Altersheem, fräi erfonnt, bei där allerdéngs e scheinbar banale Witz eng brutal Tournure bewierkt. An der neier Produktioun vum Kënschtlerkollektiv Maskenada gëtt den Ëmgang mat Demenz-Betraffene beliicht. Dëst Theaterstéck aus der Fieder vun der Larisa Faber feiert muer den Owend an der Banannefabrik zu Bouneweg Première. De Claude Faber war am Virfeld an eng Prouf.