arrow_back_ios
Kultur
Dem Jeff Wall seng "Wandfotografie" am Mudam
2008, also viru genee 10 Joer hat de kanadesche Fotograf Jeff Wall eng leschte Kéier eng grouss Expo an Europa: an zwar an der Tate Modern zu London. Dunn ass dëse Juni d'"Kunsthalle Mannheim" mat Jeff-Wall-Fotoen ageweit ginn. E grousse Succès. An elo sinn -a Kollaboratioun mat Mannheim- 27 groussaarteg Aarbechten am Mudam ukomm. Ënnert dem Titel "Appearance" si se bis de 6. Januar ze gesinn oder erëm ze entdecken. D'Kerstin Thalau iwwert dem Jeff Wall seng monumental "Wall-Fotografie".