Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Rotten Stones Festival

Rotten Stones Festival

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Review: Khemmis - Desolation (8,5/10)

Bis viru kuerzem ware se mer nach kee Begrëff, kennegeléiert hunn ech se am Fong duerch en Tip vum Gittarist vun In Flames, Niclas Engelin, deen hie mir während mengem Interview mat him ginn hat. Riets ass vu Khemmis, enger Doom Metal Band aus Kalifornien, déi den 22. Juni hiren neisten Album Desolation erausbruecht hunn.

An op mannst op deem huet déi amerikanesch Band e ganz ästethesche Sound. Kategoriséiere kann een den Album zwar definitiv als Doom, ma d'Kalifornier probéieren d'Grenze vum Genre esou wäit ze zéien, wéi et geet, a sou huet ee schonn nom éischte Lidd Bloodletting d'Gefill, et hätt een dräi verschidden Albume vun dräi verschiddene Bands héieren.

Esou Mëschunge riskéieren dacks a Chaos ënnerzegoen, mä Khemmis bréngen et fäerdeg, dass et klappt a katapultéiert sech esou zu enger vun de wuel aussergewéinlechsten aktuelle Doom Bands an hunn et och verdéngt dësenm Album bei Nuclear Blast kënnen erausbruecht ze hunn.



Khemmis kënnen deemno fir vill schwéiere Groove suergen, ouni sech dobäi andauernd selwer ze widderhuelen, eppes wat och vill aner Doom Bands net hikréien an dacks ze vill op engem Riff hänke bleiwen. Dobäi loosse se d'Atmosphär och net op der Säit

Ervirzehiewen ass och de Kalifornier hiren Don fir hir Doom Stécker, déi vun Natur aus jo bësse méi schwéierfälleg sinn a schleefen, tight ze halen, grad esou wéi de facetteräiche Gesang, deen ee souwuel mat déiwen a béise Growls, wéi och mat staarkem kloren a cleane Vocals ze begeeschtere weess, a säin Highlight mat den Harmonien am Stéck From Ruin fannen

Vu dass ech d'Band virdrun net kannt hunn, kann ech den Album net mat virëschte Wierker vergläichen an ech kann och net aschätzen, a wéi wäit d'Erwaardunge fir d'Fans hei erfëllt goufen. Mä vläicht ass dat och gutt, well ech esou méi objektiv kann iwwert dësen Albu uerteelen. An dat Uerteel fält duerchaus positiv aus. Desolation ass menger Meenung no definitiv en Album, deen a kenger Doom Metal Sammlung däerf feelen.

Playlist

Pantera - Revolution Is My Name

Abstract Rapture - The Cancer In Your Soul

Cosmogon - Angry Tank

Grau - Aufgang

Retrace My Fragments - Laserbrain

Spectral - Arctic Sunrise

Khemmis - Bloodletting

Theophagist - Apocalypse

Torment Of Souls - Bone Stone Brain

Tëschegas - Flèche du sud

Episoden