Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Relentless Melt

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Revocation

Review: Revocation - The Outer Ones (9/10)


Déi wuel produktiivst Death Metal Band, déi d'USA ze bidden hunn, sinn nees zréck. Déi technesch Death Metal Band Revocation, déi virun 10 Joer hiren Debutalbum erausbruecht hunn, sinn haut mat hirem 7. Album um Start. An deen ass alt nees e Bewäis, dass Revocation et fäerdeg bréngen, dreckegen Death Metal Komplexitéit an technesch Bravur mateneen ze verbannen.


Wéi gewinnt bréngen d'Gittaristen David Davidson an Dan Gargiulo et fäerdeg, interessant an intensiv Riffer ze schreiwen, bei deenen een nëmme schwéier nokënnt.


A wat déi zwee nach besser mécht ass déi wonnerbar Rhythmus Sektioun mam Brett Bamberger um Bass a mam Ash Pearson op den Drums, déi de Gittaristen eng exzellent Basis bereeden, fir dass dës kënnen hiert d'Kënnen ënner Bewäis stellen. De Pearson ass dobäi grad esou verréckt, z. B. mat senge verzwickte Blast Beats, ma och seng méi groove orientéiert Momenter maachen alles méi interessant.




Faszinéierend gëtt et virun allem dann, wann d'Gittaren op eemol an engem anere Rhythmus ënnerwee sinn, wéi de Rescht vun der Band, well d'Gehir dat méi schwéier verschafft kritt. Ma am Endeffekt passt et awer. Mat dat interessanst un der Musek vu Revocation ass jo ënnert anerem och den Afloss vun Jazz, an deen ass och op The Outer Ones nees däitlech erauszehéieren.


All dës Saache maachen aus de Stécker um neisten Album alt nees interessant a komplex Lidder, bei deenen ee muss voll a ganz bei der Saach bleiwen, fir och eppes dovunner ze hunn.


Mir lauschteren eis dann elo och déi aktuell Single vum neien Album un, hei si Revocation mat Blood Atonement, e bësse méi luest Stéck am mid-tempo Beräich.


Playlist


Pentacle - For I Am The Chaos

Anaal Nathrakh - New Bethlehem / Mass Death Futures

Gory Blister - Trails Of Lies

Wolfheart - The Saw

Master - Replaced

Serpent Rise - Kharma

Revocation - Blood Atonement

Within Temptation - The Reckoning

Deicide - Defying The Sacred

Fates Warning - Point Of View (Live)

Atreyu - The Time Is Now

Enslaved - The River's Mouth

Episoden