Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Meet Your Maker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Blind Guardian

Blind Guardian

Review: Remasters vun de 4 éischte Blind Guardian Albumen

Am Kontext vum 30 järege Bandjubiläum hu Blind Guardian am Oktober 2017 hir éischt 10 Albumen an enger remasterter Re-Issue erausbruecht. 2018 koumen a komme se nach emol an enger spezieller Re-Issue eraus, fir déi d'Albumen och nei gemixt goufen. An och wann hir Albumen deemools scho gutt geklongen hunn, sou war et dach derwäert, alles nach emol nei mixen a masteren ze loossen, d'Albume kléngen nämlech esou phänomenal wéi nach ni virdrun. Fir dëse Review hunn ech mer déi 4 éischt virgeknäppt, also Battalions Of Fear, Follow The Blind, Tales From The Twilight World a Somewhere Far Beyond.



1987 huet déi däitsch Metal Band hiren Debut Battalions Of Fear opgeholl, 1988 ass en eng éischte Kéier erauskomm. Op deem Album gëtt et net vill Finesse, ma virun allem frenetesche Speed an Thrash Metal, mat traditionellem Heavy Metal Gesang. Den Opener a menger Meenung no och beschten Track vun dësem Album an och de Follower Guardians Of The Blind setzen dobäi de Moossstaf. An op der aktueller Versioun vum Album kléngt och deen exzellent, all Instrument héiert ee glaskloer eraus an alles huet genuch Drock. Wéisst ech et net besser, géif ech behaapten et wier en Album aus dem aktuelle Joerzéngt.

Den Afloss an d'Inspiratioun op dësem Album gi vu Lord Of The Rings, iwwer Stephen King bis hin zu Aleister Crowley a souguer dem Ronald Reagan seng Strategic Defense Initiative. Musikalesch héiert ee virun allem den Afloss vun hiren däitsche Kompatrioten Helloween an Accept eraus. D'Rhythmusse sinn zolidd, et gëtt genuch Double Bass an enorm vill Geshredds. Mat klengen Ofstiecher an ee méi komplexe Songwriting weist d'Band awer well op dësem Album a wéi eng Richtung hir Musek spéider wäert goen.



Nëmmen ee Joer méi spéit koum du well den zweeten Album vun der deemools nach jonker däitscher Band eraus. An op Follow The Blind war de Quartett vu Krefeld schonn en Tick méi heavy an net méi grad esou séier ënnerwee. An och wann hei bësse méi en Afloss aus der Bay Area Thrash Metal Zeen ze héieren ass, sou huet d'Band awer och sou lues awer sécher ugefaang dat Element mat anzebauen, fir dat si an de Joren duerno ëmmer nees gelueft goufen a sech natierlech och beim Live Publikum immens beléift gemaach hunn, nämlech Hymne fir matzesangen

A Punkto Songwriting gläicht Follow The Blind sengem Virgänger nach relativ vill, soundtechnesch war an ass den Album awer schonn e Stéck méi poléiert.



1990 koum du well den drëtten Album Tales From The Twilight World an dat war och deen Album, op deem Bilnd Guardian ugefaang hunn, bësse méi progressiv ze ginn, si erënneren zäitweis bëssen u Savatage, awer nach méi brutal. Zolidd Rhythmusse ginn hei mat ëmmer méi wonnerbare Melodië verbonnen an et gëtt ëmmer méi där Hymnen, vun deenen ech virdru well geschwat hunn, notamment mat Welcome to Dying oder Lost In A Twilight Hall.

Des Weideren ass den Album méi dynamesch wéi seng Virgänger a mat Lord Of The Rings hu Kürsch a Co. sech eng éischte Kéier getraut eng Ballad op en Album ze paken. Thematesch geet et wéi gewinnt mat vill Fantasy, wéi ebe Lord Of The Rings oder och nach Dune virun.



Fir de véierten Album hunn d'Krefelder sech eng éischte Kéier zwee Joer Zäit gelooss, amplaz just eent, an dat huet sech och um Album gewisen. Somewhere Far Beyond ass menger Meenung no den éischte Blind Guardian Album, dee vu vir bis hanne perfekt ass an op deem d'Band dat gebündelt huet, wat se op hiren éischten dräi Albumen ugedeit hunn.

Et ass op dësem Album, op deem d'Band hir Energie perfekt zum Ausdrock bréngt an de Sänger Hansi Kürsch eng éischte Kéier dat ganzt Potential vu senger Stëmm ausreizt a sou héich an awer kräfteg séngt wéi nach ni virdrun.

D'Lidder si méi komplex, méi duerchduecht a vill méi epesch. Carrément all Stéck ass eng Hymne an huet extrem vill Matsang-Potential, virausgesat, et kënnt een da sou héich wéi den Hansi.

Domat ass Somewhere Far Beyond dee bis dato beschte Blind Guardian Album, esouwuel a Punkto Songwriting, wéi och wat d'Produktioun ugeet - virun allem an der remasterter Versioun ass all Element trotz villen Instrument- a Stëmm-Schichten ganz kloer erauszehéieren - op mannst als Blind Guardian Fan ass mat dësem Wierk Héngerhaut garantéiert.

Fazit:

Battalions Of Fear: 7/10
Follow The Blind: 8/10
Tales From The Twilight World: 9/10
Somewhere Far Beyond: 10/10

Playlist

Judas Priest - Killing Machine
Skálmöld - Móri
Einherjer - Kill The Flame
Sirenia - Love Like Cyanide
Byzantine - The Cicada Tree
Author & Punisher - Ode To Bedlam
Blind Guardian - Journey Through The Dark
Amon Amarth - Twilight Of The Thunder God (Live)
Devil Master - Obscene Charade
Megadeth - Holy Wars ...The Punishment Due / Dawn Patrol

Episoden