arrow_back_ios
Kultur
D'Ada-Evangeliar zu Tréier
Mëtt Oktober kënnt zu Tréier d'Elite vun der mëttelalterlecher Buchkonscht-Fuerschung zesummen. Zu Tréier läit nämlech dat Wäertvollst, wat an dësem Domaine existéiert: dat sougenannt "Ada-Evangeliar". D'Handschrëft aus dem spéiden aachte Joerhonnert soll an d'Lëscht vum Weltdokumenterierwen vun der Unesco opgeholl ginn. Fir datt d'Demande Succès huet, sinn esouguer Experten aus den USA op Tréier invitéiert ginn. Explikatioune vun der SWR2-Reporterin Marion Barzen.