Kultur
De Raphael Lemaire vu Richtung 22 virun de Wahlen
Hierscht 2010: d'Theaterstéck "Bau der Heimat" huet am TNL Première. Et geet ëm Nationalismus, ëm eng Gesellschaft ouni Profil, an et handelt sech ëm den éischte Coup vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22, e Grupp vun haaptsächlech kreative Lëtzebuerger Studenten, déi net fäerten, Lëtzebuerg do ze pëtzen, wou et wéideet. Hir lescht Performance: déi fiktiv virgezunnen Ouverture vun enger Nationalgalerie, kuerz NAGA. D'Kerstin Thalau wollt vum Richtung 22-Member Raphael Lemaire wëssen, wat Konscht kann a wéi politesch de Kollektiv ass.