arrow_back_ios
Kultur
Design City LX Festival 2018
Am Kader vum Design City Festival ass zu Lëtzebuerg an de leschte Joren iwwer méi human Stied oder den Ënnerscheed, respektiv d'Intersektioun tëschent Konscht an Design nogeduecht ginn. An alle Fäll goung et awer dorëms, den ëffentleche Raum mat Hëllef vum Design nei zougänglech ze maachen. Dësen Hierscht ass déi fënneft Editioun vun der Biennale, déi Kéier ënner dem Motto "me craft, you industry, we design". De Claude Faber weess, wat tëschent dem 19. Oktober an dem 18. November gebuede gëtt.