Panorama
Panorama
De SAMU wëllt besser an de CGDIS integréiert ginn: an engem Bréif u véier Ministere kritiséieren déi betraffen Dokteren, datt näischt geschitt wier an datt d'Patienten dorënner leiden
D'ANIL bedauert, datt an de Wahlprogrammer vun de verschiddene Parteien nëmme ganz wéineg vun der Fleeg rieds geet
D'Associatioun vum Personal vun der Police Judiciaire beschwéiert sech iwwer e Manktem un Transparenz vu politescher Säit wat d'Carrière B1 ugeet
De Konsumenteschutz kritiséiert, datt d'Stroum- an d'Gaspräisser 2019 erëm sollen eropgoen
Zu Saint Maxime a Südfrankräich ass eng Persoun ëm d'Liewe komm
De Bilan vun Doudesaffer nom staarke Reen op Mallorca geet weider erop
A Florida sinn op d'mannst zwee Mënsche wéinst dem uerge Stuerm gëschter ëm d'Liewe komm, dorënner e Kand
De Start vun enger bemannter russescher Raumkapsel, déi op déi international Raumstatioun ISS sollt fléien, ass mëssgléckt
Zu Dar es Salam an Tansania ass de Chef vum METL Grupp gekidnapped ginn
Zu Bréissel huet de Parquet haut op enger Pressekonferenz Detailer ginn iwwer d'Enquête am belsche Fussball