Kultur
Den Alex Reding iwwer de Schreddermeeschter Banksy
Dir hat et vläicht matkritt: am Londonner Auktiounshaus Sotheby's hat sech en Tableau vum Streetartist Banksy, just wéi de Verkaf perfekt war, automatesch selwer zerstéiert. Fir d'Bild "Girl with a Balloon", ee vun de berühmtste Banksy-Motiver, hat e Keefer iwwer Telefon 1,2 Milliounen Euro gebueden. Nom Banksy-Coup, de Kënschtler hat e Schredder an de Kader installéiert, kéint de Wäert vum Wierk weider klammen. Grouss Konscht oder Arnaque? Dat wollt d'Kerstin Thalau vum Galerist a Konschtexpert Alex Reding gewuer ginn.