arrow_back_ios
Key to Classics
Komponisten an der jonker Sowjetunioun
Mam Zesummebroch vum Zareregime an der Grënnung vun der Sowjetunioun ännert sech net nëmmen déi politesch Landschaft a Russland. Komponéiert a gespillt gëtt elo dat, wat och konform ass mam neie politesche System. Wéi ënnerschiddlech Komponiste mat där neier Situatioun ëmgaange sinn, weist sech um Beispill vun dräi grousse Museker, déi den Ëmbroch a seng Konsequenze ganz perséinlech erlieft hunn: de Serge Rachmaninow, de Serge Prokofjef an den Dimitri Schostakowitsch.