arrow_back_ios
Kultur
Festival Clowns in Progress 2018 an der Kulturfabrik
D'Minettmetropol Esch huet sech an de leschte Joren zu der Stad vun de Clownen entwéckelt, an dat weist déi ewell schonn 8. Editioun vum Festival Clowns in Progress, deen d'Escher Kulturfabrik organiséiert. Nieft Workshoppen an dem Vernissage vun enger Ausstellung mam Titel "Quel Cirque", stinn dës Woch virun allem dräi Soirées-Spectacles op der Affiche. De Jean Claude Majerus weess, wat do leeft.