Klassik aktuell
Musek am Gespréich: Enseignement Musical
Kënnt deemnächst eng Solfègereform? Soll Lëtzebuerg e Museksstudium kréien? Wéi eng Roll kéinten d'Schoulen am Enseignement musical spillen?
Iwwer dës Froen diskutéieren den Direkter vum Conservatoire Marc Meyers, de Commissaire à l'Enseignement musical Pol Schmoetten an den Direkter vun der UGDA Paul Scholer e Sonndeg (7.10.2018) um 14:00h mam Luc Boentges an der Emissioun Musek am Gespréich.
Doriwwer eraus geet et ëm d'Froen, ob zu Lëtzebuerg den Ament studéiert Museker gebraucht ginn, a wéi grouss den Undrang u Schüler bei de Conservatoiren a Museksschoulen ass.