Radioen

On air

Notturno  |  Yves Jarvis - All Cylinders

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Behemoth

Release vun der Woch: Behemoth - I Loved You At Your Darkest (8/10)


En Zitat aus der Bibel, méi genee eng Ausso vu Jesus als Titel fir en neie Black Metal Album ze benotzen, ass schonn ongewinnt a Gespréich iwwer eng méi rock-orientéiert Museksrichtung an dem Nergal säi rezent Solo-Wierk als Folk-Blues Museker, hu sou munch Behemoth Fans stutzeg gemaach a wonnere gelooss, wéi den neien Album "I Loved You At Your Darkest" esou klénge géif. Vill hu sech d'Fro gestallt, ob déi beléift Black Metal Band iren hir Séil verkaf hunn fir méi Mainstream ze ginn.. Mee Fans kënne berouegt sinn, dat ass definitiv net de Fall.


Och wann d'Band sech bësse vun der brutaler Soundmauer op "The Satanist" ewech beweegt huet, sou ass dëst dach just eng minimal Beweegung. An och mat de Single wéi "Bartzabel doer God=Dog" hu Behemoth scho bewisen, datt den neien Album och nees zollidd Black Metal Hymne virweise kann.


An och wann a Stécker wéi "Barzabel", "Sabbath Mater" oder "If Crucifixion Was Not Enough" ... liicht méi lues getrëppelt gëtt an zum Deel méi mat Atmosphär geschafft gëtt, wéi mat wëllem Geriffs, esou ass et awer ëmmer nach méi Cradle of Filth wéi Kvelertak.


Ech sinn iwwerzeegt, datt den een oder anere Fan dës Approche wäert schrecklech fannen, mee ech si grad esou sécher, datt d'Pole mat dësem Albun och nees eng Partie Fans wäerten dobäi gewannen. "I Loved You At Your Darkest" ass definitiv anescht wéi "The Satanist", mee et ass nach ëmmer genuch Black Metal dran, fir Behemoth op den nächste Level ze katapultéieren.


Och zu Lëtzebuerg wäerte Behemoth hiert neiste Wierk presentéieren, nämlech de 4. Februar 2019.


Playlist



Overkill - New Machine

Cirith Ungol - Witch's Game

Voivod - Iconspiracy

Warrel Dane - Disconnection System

Unleashed - Lead Us Into War

Behemoth - Bartzabel

Abstract Rapture - A Sphere Below

Unleash The Archers - Ten Thousand Against One

Nothgard - Epitaph

Cauldron - No Return / In Ruin


Episoden