arrow_back_ios
Kultur
"Le pont rouge: l'adaptation" vum Romain Girtgen
Gutt zwee Joer laang ass déi rout Bréck fir nei Erausfuerderungen adaptéiert ginn. Dat war tëschent 2015 an 2017. Nach bis den 20. Oktober 2018 presentéiert den Luxembourg Center for Architecture, kuerz LUCA, d'Fotoausstellung "Le pont rouge: l'adaptation". Gewise ginn Opname vum CNA-Fotograf Romain Girtgen, deen d'Evolutioun vum Chantier tëschent Verkéier a Bauaarbechter fir de Fonds du Kirchberg dokumentéiert huet. D'Kerstin Thalau huet de Fotograf an der Expo besicht.