Aktuelles
Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?
Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg? Wéi sollen déi verschidde Politikberäicher Wirtschaft, Soziales an Ëmwelt iwwer d'Steieren ausgeriicht ginn? Wat fir en Accent setzen déi verschidde Parteien an der Besteierung vun de Stéit, de Betriber an dem Patrimoine? Dat war Sujet an enger grousser Table ronde. Am Virfeld vun de Chamberwahlen hu Vetrieder vun néng Parteien, déi fir d'Chamberwahlen untrieden, iwwer verschidde Steiermesuren diskutéiert.
Ronderëm den Dësch souzen: Jerry Weyer (Piraten), Sam Tanson (déi gréng), Alex Bodry (LSAP), Gilles Roth (CSV), Ali Ruckert (KPL), Pierre Gramegna (DP), Alex Penning (ADR), Carole Thoma (déi Lénk), Mario May (Déi Konservativ).
Moderatioun Mick Entringer.