arrow_back_ios
Kultur
Wéi schreift de Ryan Lott Musek fir Son Lux?
Deen experimentelle Pop vun der amerikanescher Band Son Lux ass schwéier ze erfaassen a schwéier ze beschreiwen. Elektronesch Beats, Kannerchéier, Sträichersätz an dem Sänger Ryan Lott seng tragesch Stëmm wiessele sech of, an dacks hekteschen Arrangementer. Virum Optrëtt vu Son Lux an der Rockhal hat de Mastermind Ryan Lott Erklärungen zu senger Approche ginn. E Bäitrag vum Yves Stephany.