Panorama
Panorama
De Mouvement Ecologique vermësst an de Wahlprogrammer am grousse Ganzen eng Kohärenz bei de groussen Theme vun nohalteger Entwécklung.
Déi nei Médiatrice scolaire, Lis De Pina, ka vun dëser Rentrée u vun Elteren, Professionnellen aus der Educatioun oder vun erwuesse Schüler saiséiert ginn.
Den FBI Rapport iwwert d'Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch a Vergewaltegung géint de Brett Kavanaugh suergt fir gedeelte Meenungen am amerikanesche Senat. D'Republikaner gesi keng Bestätegung vun de Virwërf dran - d'Demokrate kritiséieren eng onkomplett Enquête.
D'USA hunn an der Suite vu Cyberattacken eng Enquête géint siwe russesch Agente vum Militär-Noriichtendéngscht lancéiert.D'Enquête ass a Relatioun mat der hollännescher Ausweisung vu véier russeschen Agenten deene virgehäit gëtt, de siège vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffe gehackt ze hunn.
An der Europa League spillt den den F91 Diddeleng den Owend um fënnef vir siwe geingt Betis Sevilla.