Panorama
Panorama
De Premier a Medieminister Xavier Bettel wëllt een Debat iwwer d'Gouvernance vum radio 100,7. Hie reagéiert domat op Kritik vun der 100,7 Chefredaktioun.
Déi gréng Ëmwelt- an Nohaltegkeetsministere Carole Dieschbourg a François Bausch wëllen no der däitscher Léisung am Diesel-Skandal e Bréif un d'EU-Kommissioun schreiwen, esou d'Lëtzebuerger Wort.
Och Video-Plattforme musse sech an Zukunft u méi streng Regele fir de Jugendschutz oder d'Publicitéit halen. D'EU-Parlament huet fir eng Reform vun der Direktiv fir audio-visuell Medien gestëmmt.
De franséische Staat muss dem Fils vun engem Harki - engem Algerier, dee fir déi franséisch Arméi am Algerien-Krich gekämpft huet - 15.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.
D'Steierautoritéite vun New York hunn eng Enquête géint den US-President Donald Trump lancéiert wéinst Verdacht op Steierbedruch.