Panorama
Panorama
Eng véiert Persoun ass nom Accident op der Diddelenger Autobunn an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg gestuerwen, mellt d'Police. Alle véier Passagéier hunn d'Accident also net iwwerlieft.
Méi Frae wielen. Dat ass den Opruff vum nationale Fraerot am Virfeld vun de Chamberwahlen e Sonndeg an enger Woch.
D'lescht Joer si liicht manner Leit wéinst Krankefall net op d'Aarbecht komm wéi 2016, mellt den Aarbechtsministère.
De Gemengerot zu Biissen wëllt nach nächste Mount iwwer d'Ëmklasséierung vum Terrain, op deem Google sech well néierloossen, ofstëmmen, seet de Biisser CSV-Buergermeeschter.
Elektronesch Bicher, Zeitungen an Zäitschrëfte wäerten an Zukunft an Europa méi bëlleg ginn. D'EU-Finanzministeren hunn decidéiert, d'Steieren op E-Books erofzesetzen.
Den Ëmsaz vun Ernst & Young Lëtzebuerg ass fir d'zweet Joer hannerteneen ëm bal eelef Prozent an d'Luucht gaangen.
De Boris Johnson huet um Parteidag vun de Konservativen de Brexit-Plang vun der Premierministesch Theresa May als "Bedruch" bezeechent.