Kultur
De Filmfong a seng Suen
Zwou Wochen nom aachte Lëtzebuerger Filmpräis huet de Lëtzebuerger Filmfong säi Rapport annuel vun 2017 virgestallt huet. Dat geschitt am Kader vun engem Krisejoer am Lëtzebuerger Kino: d'staatlech Subventioune vum Filmfong fir de Filmsecteur zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen sinn dëst Joer nämlech scho verbraucht, esou datt nëmmen dräi vu fënnef Sessiounen, an deenen iwwer d'Joer d'Sue verdeelt ginn, iwwerhaapt ofgehale goufen. De Filmsecteur fuerdert méi Suen, an dat bei engem Joresbudget vu 34 Milliounen, deen op 50 Milliounen Euro pro Joer gehéicht gi soll.