arrow_back_ios
Kultur
Den "Hector" vum Kënschtler Julian Schnabel
Zanter d'Suzanne Cotter 2018 d'Mudam-Rudder als Direktesch iwwerholl huet, huet si realiséiert, datt dobaussen nach vill ze wéineg gewosst ass, woufir de Mudam steet. Dowéinst soll déi hausintern Kollektioun méi an de Mëttelpunkt geréckelt ginn: an enger éischter Expo Peinturen aus den 80er an 90er, déi laang net gewise goufen; Acquisitiounen aus den Ufanksjoren. D'Kerstin Thalau huet materlieft, wéi e Konschtwierk vum Julian Schnabel aus dem Dornréische-Schlof gekësst gouf.