arrow_back_ios
Kultur
Season Opening @ Rotondes
Woufir stinn d'Rotonden hanner der Gare? Fir Bühnekonscht fir Grouss a Kleng, kreativ Atelieren, fir Concerten a Musekerdocumentairen, fir Konschtausstellungen, jo och fir d'Ënnerstëtze vu lokale Produite mat engem lokale Marché. Alles dat gëtt Iech tëscht dem 28. an dem 30. September an de Rotondë gebueden: bis de Sonndeg inclus feiert d'Equipe Season Opening. An dofir huet si sech nach eppes Spezielles afale gelooss. D'Kerstin Thalau verréit Detailer.