arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Der das Feuer zurückbrachte"
Déi regional an international Zeitungen hu sech bal iwwerschloe mat Superlativen nom Untrëttsconcert vum Teodor Currentzis als Chefdirigent beim SWR-Symphonieorchester. De griichesche Museker ass effektiv e Phenomen. Dat seet och d'Soloflüttistin vum Orchester, d'Hélène Boulègue. D'Hélène Boulègue war bis d'lescht Saison nach Musekerin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.