Panorama
Panorama
Mënscherechtsliga: Déi Lëtzebuerger Ligues des droits de l'homme fuerdert virun de Chamberwahlen, datt dës Regierung dem Rettungsschëff Aquarius elo direkt de Lëtzebuerger Fändel misst ginn
OGBL: Gewerkschaft analyséiert Wahlprogrammer a fuerdert vun déi gréng an der CSV Präzisiounen iwwer den Index an d'Steieren
UNO Vollversammlung: Jean Asselborn weider fir eng zwee-Staate Léisung tëschent Israel an der palestinensescher Autoritéit
Brexit: Labour Delegéiert stëmmen op Kongress fir eng Optioun fir en zweete Referendum
Däitschland: Ralph Brinkhaus gouf iwwerraschend zum neie Fraktiounschef vun der Unioun gewielt
USA: Entertainer an Televisiouns-Comedy Star Bill Cosby wéinst sexuellen Iwwergrëff zu dräi bis zéng Joer Prisong veruerteelt
Ariane 5: Europäesch Weltall-Rakéit ass fir déi 100. Kéier gestart
Cyclissem WM: Bob Jungels de Mëtteg (15h23) beim Eenzelzäitfueren am Asaz