arrow_back_ios
Kultur
Ashcan
Den Dokumentarfilm vum Realisateur Willy Perestein, retracéiert e puer Méint am Joer 1945, déi Weltgeschicht geschriwwen hunn: Nämlech wéi tëschent Mee an August 1945 86 Nazien zu Munneref vun der amerikanescher Arméi festgehalen an interrogéiert goufen. Dësen Documentaire ass am Fong op Basis vum Theaterstéck "Codename Ashcan" entstanen, dat an enger Mise en scène vun der Anne Simon d'lescht Joer am Mee am TNL gewise gouf.