Invité:e vum Dag
Gilbert Pregno
De fréieren Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass fuerdert een Ëmdenken beim Encadrement vu Kanner mat enger Verhalensstéierung. Wat soll een an der Schoul mat deene Kanner maachen, déi eng sougenannte Verhalensstéierung hunn? Déi Fro werft de fréieren Direkter vum Kannerschlass, de Gilbert Pregno, op. Et sinn dat Kanner déi meeschtens emotional erhéngert sinn a vill vernoléissegt goufen. Verantwortung droen d'Elteren, awer och déi Professionell an d'Politik. Déi aktuell Strukturen loosse vill ze wënschen iwwreg, seet de Gilbert Pregno. D'Carole Schimmer féiert duerch d'Gespréich.