Aktuelles
Kitesurfen zu Dakhla: de Palais an engem internationale Konflikt
De groussherzoglechen Haff huet d'lescht Woch op sengem offiziellen Internetsite e Communiqué publizéiert mam Titel: "Echappée sportive au Maroc". De Grand-Duc Henri a säi Fils, de Prënz Sébastien hunn an der Küstestad Dakhla d'Waassersportart Kitesurfen ausprobéiert. Domat verwéckelt sech den Haff an eng sensibel diplomatesch Affär: dem internationalem Recht no läit Dakhla nämlech net am Maroc, sou wéi de Communiqué vum 10. September et uginn huet, mee am Gebitt Westsahara. Well de Grand-Duc awer ënner der Obhut vun der marokkanescher Regierung, déi d'Stad Dakhla effektiv militäresch kontrolléiert, an d'Westsahara agereest ass, werft dëst vëlkerrechtlech Froen op. Hannergrënn vum Charlotte Bruneau.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)