arrow_back_ios
Kultur
25 Joer 100,7 a 25 Joer lëtzebuerger Filmindustrie
De Film "Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier" ass e schwaarzwäisse Stommfilm aus dem Joer 1907, deen éischten Industriefilm, deen de Peter a Wendel Marzen zu Lëtzebuerg gedréint hunn. Mee am Fong war d'Gebuertsstonn vum lëtzebuergesche Film eréischt Enn der 1980eger, an dee ganze Secteur huet sech zanter Mëtt der 90eger Joeren développéiert. Do wier also eng Parallel zum radio 100,7: wat ass a 25 Joer radio 100,7 am Filmbusiness geschitt? Dat weess de Christian Mosar.