Aktuelles
D'Web-Applikatioun Smartwielen.lu
Wéi ee Kandidat a wéi eng Partei leien am nooste bei menge politeschen Iwwerzeegungen? Op dës Fro versicht d'Web-Applikatioun Smartwielen.lu op eng spilleresch a pedagogesch Aart a Weis eng Äntwert ze ginn. D'Uni.lu an den Zentrum fir politesch Bildung hunn dës App - eng Schwäizer Erfindung - weiderentwéckelt. 2009 war se eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg an den Asaz komm. Déi neiste Versioun ass zAnter gëschter online. Sachlech informéieren, ewech vun emotionalen Discoursen: dat ass den Usproch vun de Promoteure vu Smartwielen.lu. Ee Bäitrag vum Michel Delage.