arrow_back_ios
Klassik aktuell
Die tote Stadt
Eng Balletsmusek mat grad emol eelef Joer an duerno e Succès um aneren: Den Erich Wolfgang Korngold war eent vun de gréisste musikaleschen Talenter am Ufank vum 20. Joerhonnert. Dat Talent confirméiert sech spéitstens mat der Oper "Die tote Stadt", déi 1920 eng duebel Uropféierung zu Köln an zu Hamburg hat. Spéider huet de Korngold zu Hollywood als Filmkomponist Carrière gemaach. Elo bréngt de Saarlännesche Staatstheater dem Korngold säi Meeschterwierk fir déi éischte Kéier iwwerhaapt zu Saarbrécken op d'Bühn.