arrow_back_ios
Kultur
Suerge vun de klengen Theateren zu Lëtzebuerg
Et war eng e bëssen aner Pressekonferenz, wéi déi, déi ee gewinn ass, wann een am Hierscht déi nei Saison an den Theatere virgestallt kritt. Et war net d'Spill, mee d'Revendicatioune vun den Theaterleit, déi am klenge Sall vum Theatre Ouvert du Luxembourg Virrang haten. A Präsenz vum Staatssekretär fir d'Kultur, dem Guy Arendt, sinn déi finanziell Suergen thematiséiert ginn. D'Valerija Berdi informéiert.