Konferenzen
L'Art déco - expression ornementale du modernisme
Nei Baumaterialien, neit Ingenieur-Wëssen, d'Evolutioun am Konschthandwierk an de Fortschrëtt vun der Wëssenschaft haten déi traditionell Ausbildung vun den Architekten op d'Kopp geheit. Den Historismus integréiert déi nei Aart a Weis fir ze bauen, mee verstoppt se ënner dem traditionellen dekorative Kleet.
Déi nei Konscht versicht, d'Konschthandwierk opzewäerten, andeem se sech un der Form vun der Natur inspiréiert. Den Art déco kënnt esou ëm 1925 op, mee e verschmëlzt séier mam Modernisme. Lëtzebuerg huet Beispiller vu seelener Qualitéit vun dësem Stil versuergt, deen esouwuel de Park virum Haus auszeechent, wéi och Gebaier mat Appartementer a Commercen.
Eng Konferenz vum 7. Juni 2018 vum Dr. Robert L. Philippart am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA), opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Robert L. Philippart, docteur en philosophie et lettres - histoire, UNESCO Site Manager Luxembourg au Ministère de la Culture. © Andrea Ihmsen
Bonn Frères, rue Philippe II (mouvement de la rose pétrifiée) | Opticien Berg, Grand'Rue (modernisme) © Rolph
Hôtel Alpha, Place de la gare (style zigzag) © Rolph
Dépliant MNHA "Art déco au Luxembourg": https://issuu.com/mnha/docs/mnha_art_deco_flyer_issuu?e=14819671/60118920