arrow_back_ios
Aktuelles
Pressehëllef: 55.000 Euro pro Journalist
Maximal 1,6 Milliounen Euro u Pressehëllef kann ee Medium an Zukunft vum Staat accordéiert kréien, wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. Dat geet aus dem Avant-Projet de Loi ervir, deen eis virläit. Den Text an eventuell Amendementer sollen am iwwernächste Regierungsrot, den 21. September, ugeholl an dono an der Chamber deposéiert ginn. D'Editeure fuerderen ee méi präzisen Text. Detailer vum Chris Zeien.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
