Invité:e vum Dag
Frank Schroeder
De leschte 4. Juli war zu Esch-Uelzecht op der Brillplaz eng Gedenkzeremonie fir de Puto G. Eng 300 Leit hunn do ëm dee jonke Rapper mat kapverdianesche Wuerzelen getrauert, deen e puer Deeg virdrun am Baggerweier zu Rëmerschen erdronk war. D'Tatsaach, datt si dat virum Monument aux morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich gemaach hunn, huet Eenzeler gestéiert, oder souguer schockéiert. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet an enger parlamentarescher Fro wuertwiertlech gemengt, d'Monument virum Musée national de la Résistance wär "uerg verschampeléiert" ginn. De Frank Schroeder, Direkter vun deem Musée, huet an engem oppene Bréif widdersprach: hien erkläert seng Reaktioun am Gespréich mam Maurice Molitor.