Klassik aktuell
Klangspuren Lautstark
2018 ass fir Klangspuren Schwaz e ganz besonnescht Joer. Zanter 25 Joer existéiert dëse Festival fir Nei Musek, d'Klangspuren International Ensemble Modern Academy feiert säi 15. Gebuertsdag an de Workshop mat der Komponistin Catherine Milliken "Klangspuren Lautstark" geet a seng zéngt Editioun.
Fir dësen zéngte Gebuertsdag ze feieren, huet d'Catherine Milliken elo e Buch mam Konzept an de Materialien aus de Joren 2008 bis 2017 beim Verlag ConBrio publizéiert. Dëst Buch gëtt an Tirol u 650 Museksproffe verdeelt a soll hinnen eng Basis ginn, fir mat hire Schüler kënnen ze musizéieren, ze komponéieren a sech mat der Neier Musek auserneenzesetzen.